Liesung an Zauberer um Schëtter Maart

Liesung an Zauberer um Schëtter Maart

Wärend dem monatleche Maart, deen all zweete Samschdeg vum Mount zu Schëtter op der Kiercheplaz statt fënnt, ass an de Raimlechkeete vum Schëtter Treff eng flott Animatioun fir Kanner organiséiert ginn.

D’Renée Hutmacher huet spannend Geschichte vum Emil dem Petzi virgelies éier den Animatrix mat sengem Zauberweenchen d’Kanner begeeschtert huet.

D' Eltere konnten natierlech och matmaachen oder de Schëtter Maart op der Kiercheplaz entdecken.