Dem Georges Seyler zum 85. Gebuertsdag gratuléiert



Schweech: Bei gudder Gesondheet an och gut gelaunt, war et dem Georges Seyler viru kuurzem och gegönnt säin 85. Gebuertsdag, Doheem können ze feieren. De Georges Seyler ass den 25. Dezember 1938 als de jëngste Jong vun zwee Kanner zu Bieckerech op d’Welt komm. Seng Elteren waren den Aloyse Seyler vu Schweech an d’Louise Wahl vum Mäerzeg. Den 29. September 1971 ass Hochzäit gefeiert gin mam Marthe Hoffmann vu Schëtter, déi och allen Zwee den elterlichen Bauerebetrib mat vill Asaatz zu Schweech bis zu hirer wuelverdingten Pensioun, weidergefuert hun. Aus hirem Bestiednis hun dräi Meedercher d’Liicht vun der Welt erblëckt. Haut ass d’Famill Seyler ganz stolz op hir fënnef Enkelkanner. Fir de Buergermeeschter Thierry Ladgoda mat sengem Schëffen Claude Loutsch war et eng besonnesch Éier fir dem Jubilar mat enger schéiner Coupe Blummen an enger Köscht petits- fours am Numm vun der Gemeng Bieckerich zum 85. Gebuertsdag haerzlich ze gratuléieren. Zesummen mat der Famill ass d’Glas erhuewe gin, an op e weideren gemeinsamen a gesonden Liewenswee geprost gin. (CR) (FOTO: Charles Reiser)