Tournoi des bourgmestres "Mat Häerz a Rackett fir de gudden Zweck"

De Badminton Club Écluse Stadbriedemes huet de 7. Februar 2026 den Tournoi
vun de Buergemeeschteren "Mat Häerz a Rackett fir de gudden Zweck " an der
Sportshal Jeannot Bonnifas organséiert. Dëse Sonndeg, 19. Abrël war
d'Chèqueiwwereechung an déi formidabel Somme vun 13.470.72 € gouf un
d'Fondatioun Kriibskrank Kanner iwwereecht. Si kommen der Begleedung vun
eise Familgen zu gutt an der Recherche no ugepassten Traitementer fir jidder
eenzelt betraffend Kand. Am Num vun der Fondatioun, huet de Präsident Gaston
TERNES jidder Bedeelegten ee ganz häerzlech Merci gesot. Ee spezielle Merci
goung un de Buergemeeschter Robi Beissel vu Briedemes a säi Cheffen- a
Gemengerot fir d'Hospitalitéit ,an un d'Madame Christiane Schmit, déi et
fäerdeg bruecht huet dëse groussen Event ze koordinéieren an all dës Leit ze
motivéieren. Den Tournoi huet bewisen, dass ee mat Häerz, Humor an e bësse
sportlechem Éiergäiz net nëmme Punkte ka sammelen, mee och virun allem eppes
wierklech Guddes ka bewierken.