D'Landwirtschaft bei eis - neit Regionalmagasinn n°22

Regionalmagasinn n° 22 Editioun Fréijoer/Summer 2020

Viru kuerzen ass d’ Regionalmagasinn LEADER Lëtzebuerg West mam Titel «D’Landwirtschaft bei eis – L’agriculture près de chez nous» erauskomm.

Déi nei Editioun steet ganz am Zeeche vun der Landwirtschaft an de regionale Produzenten. Praktesch fir de Konsument sinn d’Säite mat den Direktvermaarter déi ee ka raustrenne fir se grëffbereet ze hunn. Natierlech gitt dir och eppes gewuer iwwert déi lafend LEADER Projeten. Wéi gewinnt fannt dir och d'Rubrik "Dëst an dat" an natierlech och eise Quiz, wou et flott regional Präisser ze gewanne gëtt.
Vu dass duerch d'COVID19-Kris d'Eventer bis an de Summer ofgesot sinn, entfällt den Agenda mat de regionale Manifestatiounen.
Vill Spaass beim Liesen!

D’Regionalmagasinn gëtt zweemol am Joer vun der lokaler Aktiounsgrupp LEADER Lëtzebuerg West

a lëtzebuergescher a franséischer Sprooch

erausginn an un all Haushalt an de Partnergemenge verdeelt: Garnech, Habscht (Simmer), Helperknapp, Käerch, Mamer, Miersch a Stengefort.

Wien net an der Regioun wunnt, kann d’Magasinn beim LEADER Büro bestellen oder online op www.letzebuergwest.lu liesen.

LEADER Lëtzebuerg West 1, rue de l’Eglise L-7481 Tuntange

T : 26 61 06 80 E : lw@leader.lu