Waasser, eng wäertvoll Ressource - neit Regionalmagasinn n°20

Regionalmagasinn n° 20 Editioun Fréijoer/Summer 2019


Viru kuerzen ass déi nei Editioun vum Regionalmagasinn LEADER Lëtzebuerg West erauskomm.

De Schwéierpunkt vun dëser Ausgab läit um Thema Waasser.

Kleng Neiegkeete liest een an der Rubrik Dëst an Dat.

E Veranstaltungskalenner vun Evenementer aus der Regioun fënnt een op de leschte Säiten.

De Magasinn ass a lëtzebuergescher a franséischer Sprooch.


Mir wënschen Iech vill Spaass beim Liesen an Entdecke vun de ville Projeten, déi am Kader vun der LEADER-Initiative ënnerstëtzt a gefuerdert ginn.


Speziell fir déi 20. Editioun gëtt et och e klenge Quiz an eppes ze gewannen.


D’Regionalmagasinn gëtt zweemol am Joer vun der lokaler Aktiounsgrupp LEADER Lëtzebuerg West erausginn an un all Haushalt an der Regioun verdeelt.

Wien net an der Regioun wunnt, kann de Magasinn am LEADER Büro bestellen oder online op www.letzebuergwest.lu liesen.

LEADER Lëtzebuerg West 1, rue de l’Eglise L-7481 Tuntange

T : 26 61 06 80 E : lw@leader.lu