Conveniat vu fréieren Aackerbauschüler 1964-65

Den 22. Abrëll hunn sech déi fréier Klassekomerode vun der Promotioun 1964-65 aus der Aackerbauschoul rëm eng Kéier fir hiren traditionelle Conveniat erëmgesinn. De Kolleg Josy Schlechter haat duerfir eng Visite an der Entreprise Reiff zu Ëlwen organiséiert. De Seniorchef a Grënner vun dësem wäit iwwer d’Grenze bekannte landwirtschaftlechen Déngschtleeschtungsbetrib, Josy Reiff huet sech eng Freed draus gemaach, d‘Visiteuren duerch déi verschidden Abteilungen ze féieren an zu allem lieweg Explikatiounen ze ginn. Mat besonnescher Begeeschterung huet hien awer duerch séng eemoleg Sammlung vun iwwer 200 Fendt-Oldtimer-Trakteren gefouert an hie wosst iwwer jiddfer Exemplär intressant Detailer ze erzielen. Him duerfir nach eng Kéier e grousse Merci fir séng engagéiert Féierung a séngem Betrib weiderhin vill Erfolleg! Duerno war de Rendez-vous am Restaurant „A Péitesch“ zu Eselbuer, wou bei engem gudde Menu nach vill iwwer al Erënnerungen an aktuell Evenementer diskutéiert ginn ass. Fir dat nächst Joer ass de Conveniat am Oste vum Land virgesinn.