18.Mëttelalterfest zu Useldeng

14
Jun
2025
14 Jun 15 Jun

18. Mëttelalterfest zu Useldeng den 14. a 15. Juni.

Vu Samschdes 11:00 Auer bis 01:00 a Sonndes vun 10:00 bis 19:00.

Den Organisateur ass d'Härenequipe vum F.C. Jeunesse Useldeng.

Wärend zwee Deeg kann de Visiteur an d’Vergaangenheet andauchen.

Op dem Mëttelalterfest gëtt gehandelt, gefeilscht, Ritter

droe längst iwwerfälleg Kämpf aus, Barde beandrocken d’Buergdammen

a Gaukler begeeschtere Grouss a Kleng.

Dir fannt hei 60 Händler ; 11 Ritterlager ; 10 Handwierker ; 9 Musiksgruppen ; 4 Kannerspiller.

D'Mëttelalterfest zu Useldeng huet ganz kleng ronderëm de Festsall am Millenhaff am Schied vun der Buerg ugefaang. Op Initiativ vu puer Leit aus der Härenequipe, déi dovu begeeschtert ware Mëttelalter fir puer Deeg rëm opliewen ze loossen, an der Hoffnung nach méi Leit aus dem Duerf a ronderëm dofir ze interesséieren. Déi éischt Versioun war e bescheidenen Erfolleg an huet awer Mut gemaach fir weider ze maachen. Duerno ass dat Fest all Joer méi Grouss ginn, den Ökoparking an d'Wiss si dobäi geholl gi fir Ritterlager a méi Verkafsstänn ze placéieren. Nodeems Buerg 2010 Renovéiert war, konnt de Buerghaff an de Gruef matt abezu ginn. Haut ass dat Mëttealterfest vun Useldeng eent vun deenen authenteschsten aus der Groussregioun, och well mir matt eiser Platz begrenzt sinn an alles no bei en aner ass. A mir hunn eng Buerg déi ee wärend dem Fest fräi besiche ka,wat Grouss a Kleng besonnesch freet.