15. Editioun vum Useldenger Mëttelalterfest

No zwee laange Joer Paus war et den 11. an 12. Juni 2022 endlech nees esou wäit. D’Useldenger Härenekipp konnt déi 15. Editioun vum Mëttelalterfest organiséieren.

D’Mëttelalterfest ass mëttlerweil am ganze Land an an der Groussregioun bekannt, sou dass een och dëst Joer nees immens vill Visiteure konnt begréissen.


Bei herrlechem Wieder kruten des, op béiden Deeg e gutt gefëllte Programm gebueden. Am Schied vun der Buerg hunn Gaukler, Sänger, Dänzer, Marionettespiller, fir Stëmmung gesuergt, sou dass Grouss a Kleng op hier Käschte komm sinn.


Et ass och keen hongrech Heem gaange well nierwent dem traditionelle Gegrills gouf et och dëst Joer nees eng ganz Réi mëttelalterleche Kascht wéi Schwéngshax, Ritterfladen, a Fierkel um Spieß.



Mir freeën eis elo schon op dat nächst Joer!