25 Joer am Déngscht vum Enseignement an der Gemeng Useldeng

Am Kader vun der alljärlecher Neijooschreceptioun, déi dëst Joer am Centre Culturel zu Useldeng, den 12. Januar gefeiert gouf, gouf d’Madamm Claudine Risch an d’Madamm Schartz Michèle fir 25 Joer Déngscht vum Enseignement an der Gemeng Useldeng geéiert. Fir hir wäertvoll Aarbecht an der Primärschoul, kruten si Merci gesot a kruten e flotte Kaddo vum Schäfferot iwwerreecht.


Photo Charel Reiser