Alain Denelle in den Ruhestand verabschiedet

De 14. Januar 2022 gouf den Alain Denelle traditionell op der Neijoerschfeier vun der Gemeng, a seng wuelverdéngte Pensioun verabschid.


Den 1. Januar 2004 huet hien als Gemengenaarbechter op der Useldenger Gemeng ugefaangen. No 15 Déngschtjoren, also 2019, huet hien de Poste vum Concierge an der Schoul iwwerholl an den 31.12.2021 war dunn säi leschte Schaffdag bei eis.


Léiwen Alain, am Numm vum Schäfferot, Gemengerot, Gemengepersonal a Léierpersonal, wënsche mir dir, vill Zäit fir fëschen ze goen, vill Rou an alles Guddes fir dass du deng Pensioun a vollen Zich kanns genéissen. Mir soen dir Merci fir deng geleeschten Aarbecht bei eis op der Gemeng.