Commemoratiounsdag 2020 an der Gemeng Useldeng

Commemoratiounsdag 2020 an der Gemeng Useldeng


De nationale Gedenkdag, organiséiert vun der Gemengeverwaltung zesumme mam Comité du Souvenir - Enrôlés de Force, deen un déi schrecklech Jore fir d’Lëtzebuerger Vollek vun 1940 bis 1945 soll erënneren, gouf dëst Joer um Sonndeg, den 18. Oktober an eiser Gemeng zelebréiert.

Wéi an de vergaangene Joren war de Rendezvous fir de Cortège am Millenhaff zu Useldeng. D’Harmonie Useldeng zesumme mat dem Pompjeescorps aus der Gemeng hunn de Cortège an d’Porkierch ugefouert. Eng feierlech Gedenkmass, verschéinert vun der Chorale an der Museksgesellschaft aus eiser Gemeng, gouf vum Jesuitepater dem Här Fernand Bomb gehalen.

A Presenz vum Schäffen- a Gemengerot aus der Gemeng Useldeng war no der Mass d‘Gedenkzeremonie beim Monument aux Morts. D’Sonnerie aux Morts gouf gespillt an zwou Blummegerbe vum Buergermeeschter mam Schäfferot a vum Comité du Souvenir niddergeluecht.

Uschléissend huet de Buergermeeschter Pollo Bodem eng Ried gehalen an där hien ënner anerem drop agaangen ass, dat et hautzedaags nach ëmmer wichteg ass, op engem Sonndeg am Joer, eben op dësem Commemoratiounsdag vun haut, des Erënnerung un déi schwiereg Zäite vun deemools oprecht ze erhalen, fir dat déi kommend Generatiounen aus der Vergaangenheet kënne léieren.


Zum Schluss huet de Roger Feiereisen am Numm vum Comité du Souvenir d´Wuert ergraff an de Veräiner an de Leit Merci gesot fir hiert Matmaachen op dësem dach ganz wichtegen Dag .

Och huet hien ervirgehuewen dass d´Erënnerung un déi Grausamkeeten vun deemools net sollen an de Vergiess geroden.

Als Ofschloss huet d´Harmonie Useldeng d´Heemecht gespillt.


Text/Fotoen: leto