Éischt Kommunioun fir 10 Kanner an der Kierch vun Useldeng

An der festlich gerëschter Kierch vun Useldeng, hun e Sonnden, den 19. Abrël, zesummen 10 Kanner aus der Par Atertdall Sainte- Claire an deelweis och aus aanere Paren, hir éischt Kommioun vum Abbé Vincent Billot, empfaangen.

Musikalisch a gesanglich huet den Instrumentenensembel zesummen mam lokalen Gesangveräin aus der Gemeng Useldeng mat hirem Organist Carlo Philippe an ënnert der Leedung vum Fernand Even, dess Mass verschéinert. Och d'Kommiounskanner mat

hire Virbereeder waren aktiv un deser schéiner Eucharistiefeier bedeeligt. (CR) (Foto: Charles Reiser)