Erënnerungsfeier 75 Joer FC Jeunesse Useldeng

A Presenz vum FLF-President Paul Philipp, dem Minister Marc Hansen, dem Chamberspresident Fernand Etgen, dem Buergermeeschter Pollo Bodem, dem Präsident Marcel Kauthen, ganz villen engagéierte Memberen a Gäscht ass e Sonnden de 26. Juni 2022 de 75. Anniversaire vum F.C. Jeunesse Useldeng gefeiert ginn.

2019 hunn si een Organisatiounskomité erstallt, deen sech em d’Feierlechkeete vun dësem Anniversaire këmmere sollt. Si hunn och fläisseg un engem neie Buch geschafft, dat d’Geschicht vum Useldenger Fussball opgräift. Dëst kritt een beim Veräin ze kafen.

No de Riede vum Här Paul Philipp an dem Här Minister Marc Hansen, dee selwer an der Useldenger Härenekipp gespillt huet, an e puer Anekdoten iwwert de Club erzielt huet, sou wéi déi engagéiert Membere fir hiert Organisatiounstalent an hier Disziplin gelueft huet, war et um Här Kauthen President vum FC. Hien huet op dat zeréck gekuckt, wat bis elo am Veräi gelaf ass an huet vun hirer exzeptionell gudder Saison geschwat, déi bescht Saison déi Useldeng bis elo gespillt huet.

De Georges Calteux, Président vum Organisatiounskomité a Grënnungsmembere vum Club konnt aus gesondheetleche Grënn leider net un dëser Feier deelhuelen. A senger beweegeder Ried, déi hien awer selwer geschriwwen hat, schreift hie vun den Zäiten nom Krich, an der och de Fussballclub gegrënnt ginn ass, an der Schwéngsblooss mat der si gespillt hunn well et deemools nach net sou einfach war, ee richtege Ball hier ze kréien.

Eng Zäit, wou d’Leit nach net wossten, wat déi wäiss Strécher op engem Stéck Wiss géingen heeschen. Am August 1945 hunn déi Useldenger Jongen, dorënner de Georges Calteux, d’Statute fir dëse Fussball Veräin ausgeschafft an op der Gemeng deposéiert. Et wollt ee vergiessen an e neien Ulaf huelen, sech nei duerstelle fir ze weisen dass een no deene schwéieren Zäite erëm do ass oder nach ëmmer do war.

Den Här Spielmann, e Schoulmeeschter vun Useldeng hat d’Jongen deemools verstan an huet hinnen de Fussball bäibruecht. Esou loung et och op der Hand dass hien den éischte President vum FC Jeunesse Useldeng ginn ass.

De Georges Calteux gouf vum FC Jeunesse Useldeng zum Éieremember op Liewenszäit ausgezeechent. Seng Fra huet des Auszeechnung fir hien entgéint geholl. Seng Ried gouf vum Georges Majerus virgedroen.

D’ Schlusswuert huet dunn de Buergermeeschter, laangjärege Spiller a Vizepresident vum Organisatiounscomité iwwerholl an allen Merci gesot, déi deemools de Veräin a schwieregen Zäite gegrënnt hunn an him zu senger erfollegräicher Geschicht verhëllef hunn.

De Veräin hätt eng beträchtlech interessant Vergaangenheet hannerun sech an där sech esouvilles gedoen hätt.

Hien huet gemengt, dass Fussball spillen eigentlech ganz einfach wier: et bräicht een nëmmen seng Kolleegen ze verstoen an huet hannerfrot, ob dat net och am deegleche Liewen an am Beruff sou wier!

D’ Festried gouf ofgeschloss mam Wonsch dass de Veräi sollt op der ageschloener Orbit weiderfueren, dann wier d’ Zukunft geséchert!

De Gast Roderes huet d’Gäscht mat flotter musikalescher Begleedung vun der „Fann Brass“ Band an dem Duo „Atertdaul“ duerch de Programm gefouert. D’Sylvia Nels an de Jos Schartz hunn d’Inviteeë mat deelweis selwer vertounte Stécker vum bekannten Useldenger, Tit Schroeder, begeeschtert.

Des Feierlechkeete ware scho virun 2 Joer geplangt, do hat d’Pandemie dem Club awer déck Steng an de Wee geluecht. Deemno huet dësen, dach sou wichtegen Dag, dëst Joer mussen nogeholl ginn. Offiziell feiert de FC Jeunesse Useldeng also schonn seng 77 Joer.