Grouss Bedeelegung um "Tour du Duerf 2022"


Useldeng: Mat enger grousser Bedeelung um „Tour du Duerf 2022“ wou grouss a kleng sech dest Joer op de Vëlo gesaat hun fir 16 resp. 32 Kilometer duerch d’Gemeng Useldeng ze ënnerhuelen. Virum Start um Sonnden de Moien vum 18. September, bei der Buvette zu Useldeng huet de Schëffen Pierre Da Silva op d’Wichtigkeet vun desem naturverbonnenen Vëlostour higewissen an och allen Merci gesoot fir d’Matmaachen. Och d’Caroline Schmit als Koordinatorin vun der Editioun 2022 huet Erklärungen zum Tour gin, wou och all gefuerene Kilometer gezielt gett fir zum Schluss vun der Aktioun bei der grousser Verlousung deelzehuelen. Duerno huet bei engem gemittlichem Patt den „Tour du Duerf 2022“ an der Gemeng Useldeng sein würdigen Ofschloss fond (CR) (Foto: Charel Reiser)