Kommmoratiounsdag 2022 an der Gemeng Useldeng

De nationale Gedenkdag, organiséiert vun der Gemengeverwaltung zesumme mam Comité du Souvenir - Enrôlés de Force, deen un déi schrécklech Jore fir d'Lëtzebuerger Vollek vun 1940 bis 1945 soll erënneren, gouf dëst Joer um Sonndeg den 9. Oktober 2022 zu Useldeng zelebréiert.


Wéi déi Jore virdru war de Rendezvous fir de Cortège am Millenhaff zu Useldeng. D'Harmonie Useldeng zesumme mat dem Pomjeescorps aus der Gemeng hunn de Cortège an d'Porkierch ugefouert. An enger feierlecher Gedenksmass, déi duerch eis Kanner aktiv matbegleet a verschéinert gouf, hu mir un déi schrecklech Jore vum Lëtzebuerger Vollek zréck geduercht. Als Ofschloss vun dëser flotter an interaktiver Mass huet d'Harmonie Useldeng d'Heemecht gespillt.

A Presenz vum Schäffen- a Gemengerot aus der Gemeng Useldeng war no der Mass d'Gedenkzeremonie beim Monument aux Morts. Zwee Blummenarrangementer goufe vum Buergermeeschter mam Schäfferot a vum Comité du Souvenir niddergeluecht.


Uschléissend huet de Buergermeeschter Pollo Bodem, eng Ried gehalen an de ville Leit Merci gesot fir hiert Kommen op dësem dach ganz wichtegen Dag.


No senge Wieder huet hien déi Leit déi sur Place waren, am Numm vun der Gemeng op e Frëndschaftspatt an de Centre Culturel agelueden.