Leeschtungen am Sport an der Gemeng Useldeng honoréiert
um weitere Bilder zu sehen.
Useldeng: Di alljährlich Sportleréierung am Useldinger Sportszentrum huet op en nees bewiessen, wat fir e Stellewert di verschidden Sportarten an der Gemeng bedeiten. Diplomiwerreechung mat dem als Ermutigung bäigefügtem Kado an di erfollegräich Sportler sin am Kader vun „ Benevol am Sport“- Useldeng bougéiert“och dest Joer vun der Jugend- Sport a Familjenkommissioun weidergefouert gin. Agaangs vun deser klenger Feier huet den President Hugo Correia Isidoro aller Sportler zu hirer besonnescher Leeschtung a speziellem Asaatz félicitéiert a jidderengem eenzelenen, wéi och all Memberen, Kommiteesleit an der Gemeng fir hir Ënnerstëtzung och villmols Merci gesoot. Och de Buergermeeschter Pollo Bodem huet félicitéiert an huet sech gefreet dat esou Matbierger sech fir de Sport intersséieren an och aktiv matmaachen. Och alle Laureaten huet de Buergermeeschter fir hir gut Resulter erviergehuewen, déi d’Gemeng Useldeng och no baussen gut vertrieden. Duefir ass d’Gemeng och houffrig an och an Zukunft bereet, de Sport weiderhin ze ënnerstëtzen. Folgend Sportler koumen dann zu Éieren: Bowling- Roude Léiw: Nelissen Carole, Reding Jeff an Lippert Mariette. Indiaca Nethoppers Useldeng: Alberty Pit, Bresch Benny, d’Exelle Kris, Dusemang Stéphanie, Feltes Pascal, Filbig Michèle, Fisch Jessie, Gengler Pascal, Hargiano Stefka, Krumlovski Ben, Lafontaine Laurent, Mausen Eric, Schoumacher Diane, Schlesser Pol, Schwitz Kay, Steffen Candy, Stranen Jeff, Theis Jules, Theis- Hubert Tania an Thiry Mara. Cylclisme: Matteo Bosco Fellens an Elsen Mil. Hippisme: Osorio Pires Lyana. Gymnastique: Gengler Leni. Montée d’escaliers: Boudler Pit, Harpes Remy, Hoffmann Béatrice, Hoffmann Christophe, Hoffmann mathis, Kaufmann Claude, Koster Max, Kleer Nico, Manoni Louis, Loos Marin an Rieff Claude. (CR (Foto: Charles Reiser)