Nationalfeierdag 2021 an der Gemeng Useldeng

Den Nationalfeierdag gouf dëst Joer an der Gemeng Useldeng um Dag selwer op Mëttwochs, den 23. Juni 2021 zu Useldeng gefeiert.

De Cortège fir an d’Kierch, ugefouert vun der Harmonie Useldeng an de Pompjeeën aus der Gemeng goung um 10.00 Auer am Millenhaff zu Useldeng fort.

Den offizielle Festakt war nom Te Deum beim „Monument aux morts“, wou eng Gerbe niddergeluecht gouf.

D’Usprooch vum Buergermeeschter an d‘Medailleniwwerreechung goufen am Schlass-Haff vun der Useldenger Buerg ofgehalen. D’Gemeng hat uschléissend op den Frëndschaftspatt invitéiert. 

Dës Manifestatioun gouf am Respekt vun de geltenden Covid-Reegelen am Fräien bei guddem Wieder ofgehalen.


Foto: Tom Lehnert