Nationalfeierdag an der Gemeng Useldeng

De Nationalfeierdag gouf och dëst Joer an der Gemeng Useldeng um Dag selwer, Donneschdes, den 23. Juni 2022 zu Useldeng gefeiert.


De Cortège fir an d’Kierch, ugefouert vun der Harmonie Useldeng an de Pompjeeën aus der Gemeng goung um 10.15 Auer am Millenhaff zu Useldeng fort.


Den offizielle Festakt war nom Te Deum beim „Monument aux morts“, wou eng Gerbe niddergeluecht gouf.


D’Usprooch vum Buergermeeschter an d‘Medailleniwwerreechung goufen am Schlass-Haff vun der Useldenger Buerg ofgehalen.


D’Gemeng hat uschléissend op den Frëndschaftspatt um Fussballsterrain invitéiert. 


Uschléissend huet dunn och d'Voleksfest, organiséiert vun de Kulturfrënn, ugefangen.