Useldeng: Am Kader vun hirer statutarescher a ganz gut besichter Generalversammlung vum Senioreforum Gemeng Useldeng huet de lokale Senioreveräin sech vun der bëschter Säit gewisen, fir eng Spend fir karitativ Zwecker weiderzeginn. Duefir war et fir d'Presidentin Mady Wolff- Tholl eng besonnesch Freed, alle Memberen kënne matzedeelen , dat eng Zomm vun 600 Euro beim Verkaaf vun der Tombola vun der Chrëschtfeier, déi vun de Memberen vum Senioreforum gespend gouf, zesumme komm ass. Fir weider 400 Euro huet de Komitee sech spontan bereet erkläert fir di Gesamtzomm dann op 1 000 Euro eropzesetzen. Mat hirem opriichtege Merci hun d'Bernadette Neu an d'Nicole Greiwelding dunn de Scheck vun 1 000 Euro entgéintgeholl, den der „Fondatioun Wonschstär“ integral ze gut könnt. Ofschléissend hun si hir Vereenegung am Detail virgestallt, wou dess Spend vun Useldeng integral fir hir Projeten och wirkungsvoll agesaat gëtt .(CR) (Foto: Charles Reiser)