Schéines a Praktisches gëtt um Viichter Chrëschtmaart gebueden

Op hir Vernissagefeier hat de Gemengerot an d'Commission mixte vu Viichten an d'Sportshal invitéiert. No de Gléckwënsch vum Präsident Romain Jacoby a vum Buergermeschter Jean Colombera, déi den Kënschtler fir hir wonnerbar Exponater hire Respekt ausgesprach hun, konnten folgend Aussteller hier Wierker dem Publkum virstellen. Maryse Kolwelter- Bijouen, Danielle Glodt- gestréckte Kannersaachen, Corine Claude -Amigurumi, Boutique Tiers Monde Ettelbrëck- Dekoratioun, Joly & Vivi Martin- Biller a Chrëschtdeko, Lis Leider- Adventskränz & Dekoartikel, Eric Heimermann- Toile Biller, Kalenner a Kaarten, Viichter a Mäerzeger Geschichtsfrënn- Publikatiounen & Deko. D'Ausstellung mat Verkaf an der Viichter Sportshal mat fräiem Entrée ass dese Sonndeg vun 9 bis 18 Auer ze besichtigen. (TEXT a FOTOEN : CHAREL REISER)