Changementer am Comité vu "Jonk an Al - Gemeng Waldbëlleg"

D’Jar 2017 stoung beim Senioreveräin « Jonk an Al – Gemeng Waldbëlleg » am Zeeche vum 30. Anniversaire, deen och op munnech Manéieren, an haaptsächlech den 30. September, gefeiert ginn ass. Mee niewent deene ganz schéine Momenter gouwen et awer och Decisiounen, déi net esou erfreelech waren, well de President Pierre Majerus an d’Sekretärin Irène Schmit-Dahm – déi vun Ufank un déi Poste bekleed hunn- hir Demissioun matgedeelt hunn. Den Interims- a Vizepresident Pierre Diederich huet dunn d’Geschäfter vum Veräin bis zur Generalversammliung geleet.
De Vizepresident huet um Ufank vun der Versammlung déi vill Membre begréisst, déi am Veräinsbau zu Chrëschtnech zesumme komm waren. Hien huet e waarmen Appell gemaach, jénger Leit unzespriechen fir an de Veräin ze kommen a fir do déi z’ersetzen, déi net méi aktiv un den Organisatiounen kënnen deelhuelen.
D’Sekretärin Irène Schmit huet op hir gewinnte flott Aart a Weis hiren 31. a leschten Aktivitéitsbericht presentéiert, aus deem hervirgaangen ass, datt eng gutt Aarbecht am Veräin geleescht ginn ass an datt « Jonk an Al » eng wichteg Roll am Liewe vun der Gemeng spillt. Si huet besonnësch d’Aktivitéite ronderëm den 30. Anniversaire, de Summerausfluch op d’Musel an nach vill flott Fester hervirgehuewen.
Fir 2018 sinn en Dagesausfluch am Juni virgesinn a vum 18. bis den 22. September en Ausfluch an d’Bourgogne.
Trotz de ville Feiere sinn d’Finanze vum Veräin méi wéi gesond, esou wéi d’Marianne Diederich-Meyers, Responsabel vun de Sue vum Veräin, matgedeelt huet.
Uschléissend koum et zu der neier deelweiser Posteverdeelung am Comité, wou de Pierre Majerus an d’Irène Schmit mat engem grousse Merci a mat Blummen a Kaddoen entlooss gouwen, nodiem si den Titel Eiereprësident an Eieresekretärin kritt haten.
Als neie Member gouf de Willy Smit an de Comité opgeholl, dien och de Poste vum neie President iwwerholl huet. Hien huet déi gutt a wichteg Aarbecht ënnerstrach, déi vu senge Virgänger an deenen 30 Jar am Déngscht vum 3. Alter geleescht ginn ass an hien huet verséchert, an deem Sänn wëlle weider ze fueren, well e staarke Club fir Senioren däerf a kengem Fall an der Gemeng feelen.
Och de Conseiller Marc Barthelemy, als Vertrieder vum Schäffen- a Gemengerot, war dëser Meenung an huet alle Membre vu « Jonk an Al » merci gesot, fir hir vill a gutt Aarbecht am Déngscht vum 3. Alter zënter 30 Jar. Hien huet dem Veräin och wederhin d’Hëllef vun der Gemeng an Aussiicht gestallt, fir datt déi Verantwortlech hiren Déngscht ënner optimale Konditioune kënnen ausféieren.
Deen neie Comité gesäit elo esou aus : President : Willy Smit ; Vizepresident : Pierre Diederich ; Keessière : Marianne Diederich ; Sekretärin : Henriette Baden ; Membren : Raymond Schaaf a Brigitte Mair-Schomers.