Chrëschtfeier bei « Jonk an Al – Gemeng Waldbëlleg »

Och zum Schluss vun 2016 haten d’Gemengeverwaltung an de Senioreveräin « Jonk an Al – Gemeng Waldbëlleg » zum Jaresofschloss zu enger flotter Chrëschtfeier an d’Cafeteria agelueden. Vill Membre waren an dee schéi gerëschte Sall komm, an de President Pierre Majerus war richteg houfreg dorop. De Mëllerdaller Männerchouer huet e flotte Concert mat Lëtzebuerger Lidder, an duerno mat Chrëschtlidder, virgedroen. Den Dirigent Jemp Origer huet d’Leit all animéiert fir matzesangen, wat him och gegléckt ass. Déi ganz Equipe huet de Bewäis erbruecht, datt si gäere matmaachen, wa Lidder um Programm stinn, déi si virun enger Rei vu Jare scho mat mit vill Freed an an enger gudder Ambiance gesongen hunn. Mat groussem Kënnen huet d’Jacqueline Penning d’Sängerinnen an d’Sänger vum Gesangveräin a vu « Jonk an Al » um Piano begleet. Houfreg war de President Claude Hansen vum Männerchouer op d’Leeschtung vu senge Membren, déi erëm eng Kéier bewisen hunn, datte een duerch de Gesank vill Schéines erreeche kann.
Och de Buergermeeschter, Jean-Luc Schleich, war zefridden iwwer déi flott Feier, an hien huet alle Membre vu « Jonk an Al » en décke Merci gesot fir alles, wat si am Laf vum Jar fir déi eeler Leit aus der Gemeng maachen. Hien huet hervirgehuewen, datt duerch déi gutt Ambiance tëschent dem Veräin an der Gemeng, de Schäfferot drop verzichte kann, eng Kommissioun fir den 3. Alter an d’Liewen ze ruffen, well « Jonk an Al » erfëllen déi Missioun op eng formidabel Aart a Weis. Fir eng kleng Iwwerraschung huet de Buergermeeschter gesuergt : Hien huet seng Wënsch fir d’Feierdeeg nämlech musikalësch virgedroen ; hien huet an e puer Sproochen d’Lidd « We wish you a merry Christmas and a Happy New Year » gesongen Zum Schluss vun der Feier ass eng grouss Tombola ausgespillt ginn, a vill frou Membre si mat engem wäertvolle Gewënn heem gaangen.