Uergel a Gesank zu Waldbëlleg

Op Aluedung vun den Uergelfrënn Waldbëlleg huet de Marc Loewen, Organist a Dirigent, zesumme mam Jugendchouer Konsdref e flotte Chrëschtconcert mat Uergel a Gesank um 2. Advent an der schéiner renovéierter Kierch zu Waldbëlleg gebueden. E klenge Video um Youtube-Kanal vum Kanner- a Jugendchouer Konsdref léist Iech e bëssen deelhuelen un dësem besënnlechen Event. Dëst sollt den eenzege Concert fir dës Chrëschtzäit sinn. Leider huet de gemeinsame Chrëschtconcert vum Kanner- a Jugendchouer an der Kierch zu Konsdref missten duerch Virsechtsgrënn ofgesot ginn.