WECKER / Berbourg: 85ten Geburtsdag vun der Madame Poos-Rischette Nicole

Madame Poos-Rischette Nicole vu Wecker, och bei den Duefleit "Paulyssen Nicole" genannt, huet hiren 85ten Geburtsdag zu Berbourg am Altersheem "Haaptmannsschlass" gefeiert. Obwuel sie schons bal 3 Joer zu Berbourg wunnt, ass sie der Amiperas vun der Gemeng Biwer als Member trei bliwen. De Komite huet sech eng Freed doraus gemach, der rüsteger Jubilarin ze gratuléieren, an huet hir weiderhin eng gudd Gesondheet an nach vill schéin Joeren gewënscht. Bei engem Patt an engem gudde Stéck Kuch gouf desen schéinen Dag gebührend gefeiert.