Eng erfreelech Bilanz vum Jubiläumsjoer

50. Generalversammlung beim Gemëschte Chouer Weiler&Haassel

Hir Begréissungsried huet d’Presidentin Josée Schlammes-Krier agelaut mat engem Lueflidd op d’Sängerinnen a Sänger, zueleméisseg eng kleng Besetzung, trotzdeem mat groussem Uklank, 2019 bei 37 Massen/Gottesdéngschter, virbereet a 27 Prouwen. Kompetent, vun de Choristen héich geschätzt fir säi musikalescht Geschéck, den Dirigent Horatiu Dragan. Eng genee sou wichteg Aufgab iwwerhëlt déi beschtens op d’Chorale Ste Cécile agespillten Organistin Simone Appelbaum-Goebel.

Als zweet Uleies en opriichtege Merci un d’Adress vu Kierchefabrik a Gemengeféierung: Finanzsprëtzen a bereetwëlleg Ënnerstëtzung sinn onentbierlech. Wäertvoll och déi staark Ärem vun de Gemengenaarbechter an déi fläisseg Hänn vun de fräiwëllege Matschafferten.

A senger Retrospektiv 2019 koum de Sekretär Änder Welfring mat opschlossräiche Biller op d‘Manifestatiounen zréck: Concerte vun der Militärmusek, den Duke’s Singers, dem Perkussiounsduo Grey Motion; d'Messe-Concert vum Méchelschouer; eng Hochzäitsfeier am Stadgronn; dat traditionnellt Grillfest bei der Sportshal; eng wonnerbar Rees op Hamburg a Lübeck; d‘Cäciliefeier mat 7 Goldmedaillen an 2 veräinsinternen CDen.

Fir dat lafend Joer stellt de Riedner nieft dem Normalprogramm e puer markant Terminer vir: Optrëtter am Ländchen; Empfank vu Gaaschtchéier zu Weiler; d’Grillfest 2020; Gëllen Hochzäite vun 2 Sängerinnen; Clubrees op Freiburg.

Am Jubiläumsjoer konnt d’Chorale Weiler&Haassel eng extra déck Zomm fir karitativ Vereenegungen zesummendroen. D’Keesserevisorinnen bescheinegen der Verwalterin vun de Veräinskonten Claire Theisen eng mustergülteg Gestioun; si huele gären en neit Mandat un.

1969 Matbegrënner vum gemëschte Chouer, iwwer 35 Joer dreiwend Kraaft als Virsëtzenden, eng zouverlässeg Stëmm am Tenor, witzeg-sprëtzege Referent am Virprogramm bei all Theatervirstellung a bei der Ukënnegung vu Concertsprogrammer: domat ëmräisst, gekoppelt un e klenge Kado, d’Presidentin an hirer Laudatio d’Verdéngschter vum Norbert Weis. Hien verléisst, mat allerhand perséinlechen Erfahrungen, de Komitee no 50 Joer. A seng Plaz gëtt den Edmond Theisen mam Applaus vun der Versammlung opgeholl.

Am Numm vun der Pastoralequipe betount d’Christine Bußhardt d’Engagement vum dynamesche Kierchechouer an hir Unerkennung fir e konstanten Asaz um spirituellen a reliéisen, um kulturellen an um soziale Plang.

Déi Wäertschätzung deelt de Buergermeeschter Vincent Reding, felicitéiert dem eelste Veräin aus der Gemeng fir seng aktiv Roll am Duerfliewen. Hien freet sech iwwer déi positiv Aussoen vu begeeschterte Nolauschterer bei den eenzelnen Events an hieft säi Glas op eng weider konstruktiv Zesummenaarbecht.

[P.S. Text fir ënnert d'Bild: Chorale Weiler&Haassel bei der Cäciliefeier 2019]