Scheckiwwerreechung

Generalversammlung vun de FRAEN

WEILER - HAASSEL

Den 21. Januar 2019 hunn d'Fraen vu Weiler-Haassel hier Generalversammlung am Festsall "An Huef " ofgehaalen.


D'Präsidentin, d'Madame Susie Welfring huet déi wäertvoll Mathëllef vun de Memberen, der Gemeng, on och vun de Sponsoren ënnerstrach. Ouni déi gutt Zesummenaarbecht wier et net méi méiglech fir all Joer, nees am Oktober, een Dag mat Mëttegiessen, Kaffisstuff an Tombola ze organiséieren.

Uschléissend goufen 2 Schecken vun jeweils 3.100€ un

" Médecins du monde-Letzebuerg" an un

" ONG : Niños de la Tierra –Bolivien " iwwerreecht ,

de Club wëllt domat hiert Engagement an dene Beräicher,

an denen sie täteg sin, ennerstëtzen.


Bei dëser Geleeënheet hun d'Chorale vu Weiler-Haassel an d’Senioren 2005 aus der Gemeng sech mat engem Don vun all Kéier 500 € fir die 2 Vereenegungen ugeschloss.

Uschléissend hun die Verantwortlech vun denen 2 Organisatiounen eis mat engem interessante Virtrag iwer hir aktuell Programmer informéiert.


Den Owend goef bei engem gudde Patt an delikate Schnittercher ofgeschloss.


Villmools merci am viraus.


Josée Schlammes