Scheckiwwerreechung

Generalversammlung vun de Fraen Weiler-Haassel.

Den 14. Mäerz 2022 hunn d'Fraen vu Weiler-Haassel hir Generalversammlung am Festsall "An Huef " ofgehalen.

No der Begréissung vun der Presidentin Claire Theisen vun all de Gäscht, huet d‘Sekretärin Josée Schlammes de Rapport iwwert d‘ Aktivitéiten vum Club gemaach. Duerno war et un der Caissière fir gesond a stabil Finanzen virzestellen.

Trotz bal 2 Joer Covidrestriktiounen konnt de Club awer verschidden Aktiounen organiséieren,ënner anerem eng Kaffisstuff am Oktober, mat Tombola, hausmaacher Pâtisserie, Gebeess a Konschthandwierk, an e Stand um Krëschtmaart am Dezember zu Weiler.

Bei dësen Aktiounen sinn € 7.200.-zesumme komm a goufen deen Owend un d'Associatioun „ Chaîne de l’Espoir“ iwwerreecht.

D'Chorale vu Weiler-Haassel huet sech mat weideren € 800.-dëser Aktioun ugeschloss.

Eng weider Aktioun vum Club hat och vill Freed gemaach, all d‘Gebeess wat net verkaaft ginn ass, gouf un“ d’Stëmm vun der Strooss“ verschenkt, e Geste dee bei all de Leit ganz gutt ukomm ass.

Den Dr Luc Schroeder vun der „Chaîne de l’espoir“ huet all de Memberen e grousse Merci gesot. No engem interessante Virtrag iwwert d‘Aarbecht vun de Bénévolen vun hirer Associatioun , gouf den Owend bei engem gudde Patt, an delikate Schnittercher ofgeschloss.

De Kommitee setzt sech zesumme wéi folgt:

Präsidentin : Claire THEISEN

Sekretärin: Josée SCHLAMMES

Kaissière: Claire THEISEN

Memberen: Roby SCHMIT, Margot NICOLA, Claudine REUTER,

Malou THEISEN, Eliane MORRONI