Schëckiwwerreechung

Gudde Moien,

Giw dir folgenden Artikel mat Foto an deenen nächsten Deeg am Letzebuerger Wort publizéieren w.e.g.

Generalversammlung vun de „Fraen Weiler-Haassel“

Den 29. Januar 2024 hunn d'Fraen vu Weiler-Haassel hir Generalversammlung am Festsall "An Huef " ofgehalen.

No der Begréissung vun de Gemengevertrieder an alle Gäscht huet d’Presidentin Claire Theisen , déi wäertvoll Mathëllef vun de Memberen, der Gemeng, an och vun de Sponsoren ënnerstrach. Ouni déi gutt Zesummenaarbecht wier et net méi méiglech fir all Joer nees am Oktober een Dag mat Mëttegiessen, Kaffisstuff an Tombola z‘organiséieren.

D’Sekretärin huet e Réckbléck op d’Aktivitéiten vum leschte Joer gemaach an de Programm fir 2024 gouf virgestallt. D’Margot Groff huet an engem flotten an interessanten Exposé eppes iwwert die intern „Bitzequipe“ gezielt. Die fläisseg an dynamesch Damen konnte schon op deene verschiddenste Manifestatiounen hir Bitz a Stréckaarbechte virstellen a villes fir gutt Zwecker verkafen.

Nom Bilan vun der Keess, gouf d´Caissière vun de Keeserevisoren entlaascht.

Uschléissend goufen 2 Schecke vun jeeweils 4.500 € u

" Blëtz asbl“ an u « Médecins sans frontières » iwwerreecht

Bei dëser Geleeënheet huet d'Chorale Weiler-Haassel sech ugeschloss mat engem Don vun all Kéier 500 € un die 2 Organisatiounen .

Uschléissend hunn d´Vertrieder vun deenen 2 Organisatiounen eis mat engem interessante Virtrag iwwer hir Projeten informéiert.

D’Fraen Weiler/Haassel bestinn elo seit 45 Joer an hun an all deene Joeren 53 Organisatiounen mat Donen vun enger Gesamtsomme vun 193.000,-€ ennerstëtzt

De Komitee setzt sech zesumme wéi folgt:

Präsidentin : Claire THEISEN

Sekretärin: Josée SCHLAMMES

Kaissière: Claire THEISEN

Memberen: Roby SCHMIT, Margot NICOLA, Claudine REUTER, Malou THEISEN, Eliane MORRONI

Den Owend gouf bei engem gudde Patt an delikate Schnittercher ofgeschloss.

Villmools merci am viraus.

Josée Schlammes