Scheckiwwerreechung

Generalversammlung vun de „Fraen Weiler-Haassel“

Den 03. Februar 2020 hunn d'Fraen vu Weiler-Haassel hier Generalversammlung am Festsall "An Huef " ofgehaalen.

No der Begréissung vun de Gemengevertrieder an alle Gäst huet Susie Welfring , an hirer lëschter Missioun als Presidentin, op en neies déi wäertvoll Mathëllef vun de Memberen, der Gemeng, on och vun de Sponsoren ënnerstrach. Ouni déi gutt Zesummenaarbecht wier et net méi méiglech fir all Joer nees am Oktober een Dag mat Mëttegiessen, Kaffisstuff an Tombola ze organiséieren.

D’Sekretärin huet e Rëckblëck op d’Aktivitéiten vum lëschte Joer gemach an et gouf de Programm fir 2020 virgestallt. D’Margot Groff huet an engem flotten an interessanten Exposé eppes iwert die intern „Bitzequipe“ gezielt. Die fläisseg an dynamesch Damen konnte schon op denen verschidenste Manifestatiounen hir Bitz a Stréckarbechte virstellen a villes fir gudd Zwecker verkafen.

Nom Bilan vun der Keess, gouf d´Caissière vun de Kassenrevisoren entlaascht.

Uschléissend goufen 2 Schecken vun jeweils 3.300€ un

" ALA Association Luxembourg Alzheimer" an un " Fondation Dr Elvire ENGEL »

( Santé et Éducation pour les femmes et les enfants au BURKINA FASO) " iwwerreecht.

Bei dëser Geleeënheet huet d'Chorale Weiler-Haassel sech ugeschloss mat engem Don vun all Kéier 500 € un die 2 Organisatiounen an d’Senioren 2005 mat engem Don vun all Kéier 1.000 € un die 2 Organisatiounen

Uschléissend hun d'Vertrieder vun deenen 2 Organisatiounen eis mat engem interessante Virtrag iwwer hir Projeten informéiert.

2019 war de 37. Basar – an et goufe bis elo 164.800 € un 49 Associatiounen gespent.

Der Madame Presidentin gouf deen Owend mat engem Blumenarrangement Äddi a Merci gesoot fir hir 10 Joer un der Spëtz vum Veräin.

De neie Komitee setzt sech zesumme wéi folgt:

Präsidentin : Claire THEISEN

Sekretärin: Josée SCHLAMMES

Kaissière: Claire THEISEN

Memberen: Roby SCHMIT, Margot NICOLA, Claudine REUTER, Malou THEISEN, Eliane MORRONI

Den Owend goef bei engem gudde Patt an delikate Schnittercher ofgeschloss.

Villmools merci am viraus.

Josée Schlammes