Zesumme fir eng gutt Saach

Brillanten Optrëtt vun der Militärmusek zu Weiler-la-Tour


Zu engem Highlight an der Duerfchronik gouf op Halleffaaschten zu Weiler-la-Tour de «Concert de Bienfaisance» vun der Lëtzebuerger Militärmusek - eiser musikalescher Nationequipe, sot hire Chef Jean-Claude Braun emol an engem Interview. D’Organisatioun vun deem musikaleschen Event louch an den Hänn vun der Chorale Weiler & Haassel: no méi wéi 125 Joer Veräinsgeschicht feiert de Gemëschte Chouer an dëse Méint säi Gëllene Jubiläum. Fir d’Opféierung an der gutt gefëllter Weiler Porkierch hat den Harmonieorchester mat sénge 50 Musikerinnen a Museker ënnert der Leedung vum Capitaine Christian Kirpes 7 Wierker op de Programm gesat, mat zu jidder Museksstéck enger passender Uleedung, virgestallt vun der Klarinettistin Romaine Werner. Dobäi konnt bei de weltbekannte Arien "Vilja Lied" aus "Die Lustige Witwe" vum Franz Léhar, an "Mein Herr Marquis" aus "Die Fledermaus" vum Johann Strauss, d’Steffi Schlink, Éischte Serjant an de Reie vun der Militärmusek, am Gesangsolopart mat hirer héijer Stëmm den opmierksame Publikum komplett begeeschteren. De Sekretär vum Organisatiounskomitee André Welfring huet a sénger Usprooch verschidden Episoden aus hirer ofwiesselungsräicher Geschicht ervirgehuewen an déi villsäiteg Engagementer vun der «Musique Militaire Grand-Ducale» erausgestrach. Am Numm vun der Asbl «Île aux Clowns» wollt d’Madame Martine Kohn, selwer mat am Déngscht bei den ongeféier 10.000 Patienten pro Joer, denen d’Spidolsclownen mat hirem Humor Ofwiesselung am Alldag, an e Laachen an hiren Ängschte schenken, de Merci vun hirer Vereenigung fir den Interessi an d‘Unerkennung vun hirer Aarbecht a fir de wäertvollen Don iwwer eng Zomm vun 1.560 € zu Gonschte vun den Aktiounen vun de Spidolsclownen weiderreechen.

Foto: Alois Theisen Text: André Welfring