Generéisen Don vum Organisatiouns Comité Red Black Egalité

Als Undenken un hire Präsident de Mario Bousson hat den Organisatiouns Comité FC Red Black den 31.7 den Tournoi Coupe Gaston Diderich a Mario Bousson organiséiert.

Den Erléis vun dësem Evenement hunn Sie den 13.12 an de Raimlechkeete vum FC Red Black am Pafendall un d’Ile aux Clowns iwwerreecht.

Mir soe villmools Merci!

Mat der Hëllef vun dësem generéisen Don, kënne mer weiderhin e Laachen an d'Gesiichter vu Grouss a Kleng zauberen , an deene Mënsche schéi Momenter schenken, deenen et net esou gutt geet .