Bëschfest zu Ënsber um Burfelt war een vollen Erfolleg

Den 05.05. sinn mir an 5 Klengbussen, mat den Bewunner aus der Servior Geenzebléi, op den Burfelt gefuer. D‘Amicale hat fir Si zesummen mat der Forstverwaltung an der SERVIOR Wooltz, en Bëschfest organiséiert.

Wéi mir um Burfelt ukoumen, war gutt Wieder den Dag, konnten mir den Aperitif dobaussen zerwéieren. Servior hat Mëttes fir Eis All gekacht; 3 Fierkelen um Spiiss mat Begleedung an Dessert. Zesummen mam Personal haten mir Dëscher schéin dekoréiert an am Service gehollef.

Forstverwaltung hat Alles virbereed, dat den Dag zu engem Erliefnis fir Bewunner ginn ass. Si hunn eis en Film iwwert den Burfelt gewisen an Explikatiounen dozou ginn. Bewunner konnten am Nomëttig aus verschiddenen Atelieën auswielen (Filz- an Baamkonscht oder Louhecken schléissen, asw., wou mir zesummen mat Hinnen gewierkt hunn, fir esou der Natur en bësschen méi no ze kommen. Den ganzen Nomëttig hat den Orchester Marc Schmidt eis mat flotter Musik ënnerhalen.

Een ganz groussen Merci un Direktioun an Personal vu Servior an un Forstverwaltung déi eis esou een schéinen Dag erméiglecht hunn.

Well deen Dag sou schéin war, hott d’Amicale och schonn fir dat next Joer den 11.Mee um Burfelt reservéiert an finanzéiert dann och dat Fest.