De Supporterclub vun der Weeltzer Musik war aktiv

An de lëschte Méint war de Supporterclub vun der Weeltzer Musik erëm op ville Fronten aktiv. Den Optakt ass gemaach ginn de 24. a 25. Mee op dem Garden Sounds am Jardin de Wiltz, woumat Hëllef vun de Musikante Gegrilltes a Wafele un d’Fra an de Mann bruecht gi sinn. Op Päischtméinde sinn dunn d’Léit um 75. Geenzekorso mat Gedrénks an engem gudde Maufel verwinnt ginn. Den 13. Juni waren si du präsent bei 10 Joer Economie circulaire wou Gromperekichelcher mat leckerem Äppelkompott verkaaft goufen. Am Juni an Ufank Juli waren du sëlleg Hämmelsmärch ugesoot, wou d'Memberen als Encaisseuren ennerwee waren. Den 10. Juli sinn du Bréidercher a Gedrénks beim Ofschlossconcert vun der Musekschoul verkaaft ginn. Highlight war den traditionelle Galaconcert vun der Weltzer Musek den 12. Juli mam Ernie Hammes, wou de Supporterclub Gromperekichelcher mat selwer gemaachtem Äppelkompott verkaaft huet.