Summerconcert vun der Weeltzer Musik

D’Weeltzer Musik huet den 12. Juli am Kader vum Festival de Wiltz ophiren traditionelle Galaconcert invitéiert. No engem éischte Deel mam sinfonesche Blosorchester matt iwwer 50 Leit, dee matt extremer Musikalitéit a ganz vill verschiddenen Klangfaarwen ze begeeschtere wousst, huet dunn den Ernie Hammes als Solist d’Rudder am zweeten Deel iwwerholl. Den international gefroten Trompettist huet Jazz a vill Häerz op d’Festivalsplaatz bruecht. Hien huet schonn nieft Weltstaren ewéi Paul Anka, Chaka Khan oder dem Duke Ellington Orchestra gespillt wat dem Concert nach eng Extranout verpasst huet. Den usprochsvolle Programm ass mat Standing Ovations geéiert ginn.