E wonnerschéinen Dag op der Musel mat der Geenzebléi Wolz

D’Amicale „Les Amis de la Maison de Retraite Wiltz “ hat Bewunner aus der Geenzebléi invitéiert den 7. Oktober fir op d’Musel op d’Schëff Marie-Astrid wat Traditioun ass an och den Hylite fir d‘Pensionären. 48 Bewunner haten sech gemeld, zesummen matt de Betreier vun Servior an der Amicale waren et 80 Persounen déi Moies géint 9.30 Auer matt dréi Bussen an eng Camionette voll matt Rollatoren an Rollstill, sech op den Wee gemaach hunn Richtung Grewenmacher. Zu Grewenmacher ukomm gung et dunn op d’Schëff Marie-Astrid. Nom Aperitif ass et een gudden Menu ginn wéi dat Tratioun ass bei der Amicale matt engem gudden Pättchen vun eiser schéiner Musel. Et guff gedanzt an gesong, den Orchester Los Amigos hott dofir gesuergt. Direktioun vun Servior war vertrueden durch Mad Plawny an Muller. Nom Eessen hunn d’Léit sech nach op Deck gesonnt bei herlichem Hierschtweeder. Géint 16.00 Auer guff sech op de Wee op Wolz gemaach. Merci un all Betreier vun Servior an Amicale déi sech sou gutt ëm Bewunner bekëmmert hunn. Sou eng Organisatioun wou alles gratis ass fir Bewunner an Personal, wier nie méiglich wann d’Amicale nik hier tréi Sponsoren hätt. Dofir allen Spender een ganz grousse Merci, well durch Äer Donen kann d’Amicale de Bewunner aus der Geenzebléi hiren Alldag verschéineren an Si sënn och ganz dankbar dofir.