Familljentreffen vun de Piirzerten,

Op Initiativ vum Romaine Morbé-Fraiture hu viru kuerzem d'Nokomme vum Cécile a Pierre Lallemand-Wietor op engem Familljentreffen an der Bauschelter Stuff e flotten Dag verbruecht. 31 Nokomme konnten op dësem Treffe bei engem gudden Iessen eng sëllech Familljenerënnerungen austauschen. D'Cécile Wietor, gebuer de 23. Juli 1862 zu Nidderwolz, an de Pierre Lallemand, gebuer de 24. Oktober 1860 zu Schlënnermanescht, hunn sech den 30. August 1884 zu Charleville-Mézière d'Jowuert ginn. Si hunn sech deemools zu Nidderwolz niddergelooss an do hir Famill gegrënnt. De Stammbam, dee bis 1750 zeréckreecht, ass awer nach net komplett. Sollt elo ee mengen, e géing an dës Famill gehéieren, a wier fir dëst Treffen net ugeschriwwe ginn, kann e sech um Telefon 23620404 (Lallemand)  mellen.(Foto: Michel Lallemand)