Gebuertsdagsfeier an der Geenzebléi Wooltz

1x 100 Joer ,11x iwwer 90 Joer an nach vill Annerer.

All dréi Méint ass an der Geenzebléi eng Gebuertsdagsfeier organiséiert vun der Amicale „Les Amis de la Maison de Retraite Wiltz ” Den 4. Abrëll guffen 29 Bewunner geéiert an kruten een Kaddo déi am Januar, Februar an März Gebuertsdag haten.Bei der Bergréissung hott de President vun der Amicale Huet Jing allen Geéierten gratuléiert an hinne nach wiederhi gesond an schéi Joren gewënscht.Besonnesch frou war de President ënnert den Jubilaren Madame Lilly Schanck-Wilmes ze begréissen déi 100 Joer gefeiert hott an nach bei beschter Gesondheet ass, an datt dëst déi eischt Feier zanter zwee Joer war wou keng Maskenpflicht ass. Dese Gratulatiounen hott sech den Schäffen vun der Gemeng Wooltz de Patrick Comes ugeschloss bei senger Begreissung. Servior Direktioun war vertrueden durch Madame Muller Anne. Den Orchester Klimperhary hott den Happy Birthday ugestëmmt an all Bewunner hott matgesong. Et guff och gedanzt an den Gebuertsdagskuch hunn Bewunner sech gutt schmachen geloss. Dës Gebuertsdagsfeier wäert bestëmmt jidderengem an gudder Erënnerung bléiwen, et ass der Amicale rëm gelongen den Alldag vun den Pensionairen ze verschéineren.