Gebuertsdagsfeier an der Geenzebléi zu Wolz


D’Amicale « Les Amis de la Maison de Retraite Wiltz » feiert all 3 Méint eng Gebuertsdagsfeier an der Geenzebléi. Den 11. Oktober guffen 31 Bewunner geéiert vun de Méint, Juli, August, September, ënnert hinnen eng Persoun déi 102 Joer kritt hott. D‘Memberen vun der Amicale waren frou datt ganz vill Bewunner sich Zäit geholl haten fir bei dëser Feier derbei ze sënn. De President Huet Jean-Paul hott de Geéierten felicitéiert fir hiren Gebuertsdag an hinnen nach vill Joeren bei beschter Gesondheet gewënscht. Uschléissend hott den Vertreeder vun der Gemeng den Patrik Comes och poer Wuert un déi Geéiert geriicht . Dono guff een Happy Birtday gesongen, an natirlich een Patt op hiren Gebuertsdag gedronk. Fir flott Musik an Stëmmung hott d’Amicale gesuergt, wou och gedanzt an gesongen guff. All déi Gebuertsdag haten kruten een Kaddo vun hirer Amicale. Gemeng Wolz mecht och een Kaddo bei engem ronnen Gebuertsdag, dat war de Fall bei 3 Bewunner déi 90 Joer kritt hunn. Dammen vun der Amicale zesummen mam Personal vun Servior hunn Gedrenks an den Gebuertsdagkuch zerwéiert . Wéi bei all Aktivitéit vun der Amicale ass alles gratis fir Bewunner. Alles guff spendéiert vun der Amicale, déi hiren Sponsoren een grousse Merci soen.