Gebuertsdagsfeier an der Geenzebléi zu Wolz

WOLZ. Zanter 2022 organiséiert d’Amicale "Les Amis de la Maison de Retraite Wolz"all dräi Méint eng Gebuertsdagsfeier am Atrium an der Geenzebléi zu Wolz.

Den 10.01.2023 goufen 28 Bewunner geéiert, déi am Mount

Oktober, November, Dezember 2022 Gebuertsdag haten.

Bei der Begréissung huet Sekretärin Claire Funck, déi den President Jing Huet vertrueden huet, gesot wéi frou Si ass, dat sou vill Bewunner der Aluedung, fir dës Feier nokomm si.

D’Direktioun vum Servior war duerch d’Madamm Evelyn Plawny

an d’Madamm Myriam Vanhackendover vertrueden.

Den Patrick Comes, deen Gemeng vertrueden hat, huet e puer Wierder un déi Geéiert an Bewunner geriicht.

All hunn beim „Happy Birthday“ matgesongen an duerno kruten,

déi 28 Geéiert ee Kaddo vun hirer Amicale.

Fir Eessen an Gedrénks, esou wéi flott Musek aus aler Zäit, war och gesuergt. An wéi ëmmer zum Schluss ass de Gebuertsdagskuch mat Kaffi vun den Memberen aus der Amicale zesumme mam Personal vu Servior zerwéiert ginn.

Bewunner ware ganz frou, fir dës schéi Gebuertsdagsfeier a goufe fir den 17.02. op Fuesparty mam Willy Schmitz invitéiert.