Geenzebléi Woltz op Besuch zu Randschelt.

Den 11. Mee hott d’Amicale „Les Amis de la Maison de Retraite Wiltz” Bewunner op een Besuch op Randschelt invitéiert. 50 Bewunner an vill Betreier hunn deen Dag zu Randschelt een onvergeeslichen Dag erleeft. Een Besuch an der schéiner Kierch an den eenzigartigen Musée Thillenvogtei war Plicht. Et guffen Zockerwäffelcher geback wéi Fréier an Klëppelen geklappt. Gebastelt ass och ginn matt de Bewunner alles an Zesummenaarbicht vun der Forstverwaltung an dem Personal vun dem Musée Thillenvogtei. 3 Fierkelen guffen gegrillt matt villen Beilagen, Bewunner hunn sech dat gudd schmachen geloss an der schéin dekoréierter Scheier bei flotter Musik vum Orchester Marco Schmidt. Deen Dag ass all Hëllef gebraucht ginn an et hott wonnerbar geklappt. Een grousse Merci der Forstverwaltung, dem Personal vum Musée Thillenvogtei ,dem ganzen Servior Personal déi sech ganz vill Méi gemach hunn datt deen Dag een vollen Erfollig ginn ass. Natirlich och een grousse Merci un Memberen aus der Amicale déi och allegoer eng Hand ugepackt hunn. Dofir allen treien Sponsoren vun der Amicale een groussen Merci ,soss wieren sou Organisatiounen guer nik méiglich, wou alles finanzéiert guff vun der Amicale.