Geenzebléi Wooltz zu Munzen an der Robbesscheier matt der Amicale.


Normalerweis ass fir den September ëmmer fir Bewunner aus der Geenzebléi een Besuch op der Fouer geplang. Well Bewunner ewer léiwer nik sou vill Kaméidie wollten hunn, hott d’Amicale fir dëst Joer een Dag an der Robbesscheier organiséiert.

38 Bewunner haten sech gemeld zesummen mam Personal an Memberen waren et 58 Persounen déi sech Moies matt 2 Bussen bei herrlichem Weeder den 1. September op Munzen op den Wee gemach hunn. Do ukomm guffen 3 Gruppen opgedeelt op 3 verschieden Aktivitéiten, Päerdskutsch, Déieren fidderen an Käerzestuff. Virum Mëttigeessen hott dann all Grupp eng Aktivitéit gemach. Géint 12 Auer gung et dann op den Aperitif an dono eng Zopp an eng Pastéitschen an natierlich och een Dessert,wat alles wonnerbar geklappt hott.

Deen Dag ass op Mëttesrascht verzicht ginn ,nom Eessen guff nach emol matt den Päerdskutschen en Tour durch Munzen gemach an Déieren sënn och nach gefiddert ginn. Bewunner waren begeeschtert vun der schéiner Géigend an herrlich Ambiance an der Robbesschéier. All Bewunner sënn Owes géint 17,00 Auer zu Wooltz gutt ukomm an waren ganz dankbar fir deen schéinen Dag.

Sou eng Organisatioun wou alles vun der Amicale gesponsort ginn ass wier nie méiglich ounie d`Personal vun Sevior an d‘ Memberen vun der Amicale déi gutt zesummen geschafft hunn.