Grillowend an der Geenzebléi

Grillfest an der Geenzebléi.

Den 05. August hat d’Amicale „Les Amis de la Maison de Retraite Wiltz“ Bewunner aus der Geenzebléi matt hiren Familljen op een Grillowend invitéiert. Servior hat vill Zorten Zalot ,Fleesch an Fësch op hirer Menüskaart an als Dessert guff et Omelett Norvégienne matt enger Taass Kaffi. Wéi ëmmer an der Geenzebléi bei sou Fester war alles wonnerbar preparéiert an organiséiert. Memberen vun der Amicale hunn den Service mam Personal vun Servior zesummen gemach an Gedrénks zerwéiert. Fir flott Musik hott den Orchester Marc Schmidt gesuergt. Puer flott Stonnen guffen zesummen verbrocht an Bewunner waren dankbar fir deen schéinen geselligen Owend.