Mammendagsfeier an der Geenzebléi Wooltz

Den 13. Juni hott d’Amicale Bewunner aus der Geenzebléi invitéiert op eng Mammendagsfeier.Vill Bewunner sinn komm, bei flotter Musik aus hirer Zäit hunn si sech de Patt gutt schmachen geloss. All Mamm krut een schéine Kaddo vun der Amicale iwwerreecht an dat an Form vun Blummen. Dono guff et dann nach engt gutt Steck Kuch matt Kaffi zerwéiert vum Servior Personal an Memberen vun der Amicale. Bewunner waren frou an dankbar datt si duch dës Feier hieren Alldag verschéinert kruten . Zum Schluss hott d’Amicale op déi next Aktivitéit invitéiert den 23. Juni wou dann den Nationalfeierdag geféiert gëtt zesummen matt der Amicale.