Supporterclub Weeltzer Musik feiert dem Fränz säin 90. Gebuertsdag.


De 27.Abrëll 1933 ass de Jean-François Arendt um Scheedgen op d’Welt komm.

D’Léiwt zur Musik long him well an der Wéih an och an de Genen, an esou verwonnert et net, datt hien matt 15 Joër zu Leideleng an d’Musik gaang ass. Wéi hien dun op Wooltz als Bréifdréier koum ass hien natirlech och do direkt an d’Musik gaang, de Bariton huet hien bis 2004 gespillt, duerno ass hien Éieremusikant gin an bis haut am Supporterclub aktiv. Bis dest Joër d’Generalversammlung war hien do Vize-President an ass elo Éiere-Vize President vum Supporterclub vun der Weeltzer Musik.

Duerfir hun den 27.04.2023, um Dag vu sengem 90. Geburtsdag, de Supporterclub an d'Beemolercher him eng Iwerraschungsparty gemaach, wou och déi Weeltzer Musik invitéiert war. D’Beemolercher hun him den Happy Birthday gespillt wi hien zur Dir era koum an de Fränz huet nawell ee klenge Moment gebraucht, bis hien wosst wat dann do lass wir.

Agelueden waren natirlech och seng Famill, seng 2 Kanner ware présent, an di eenzeg nach aktiv Arbechtskollegin vun him aus der Post war och invitéiert.

No engem klengen, ganz flotte Konzert vun de Beemolercher goufen dun Schnittercher an ee Geburtsdagskuch vum Supporterclub zervéiert an bis owes spéit vill Anekdoten opdedescht. Bei der ganz interessanter Laudatio vum Leo wollt de Fränz sech net méi un alles errënneren, mä dat läit net um schlechten Gedächnis, do si mir eis ganz secher. Di ganz Equipe vun der Musik an dem Supporterclub wënscht dem Fränz vun Härzen, datt nach vill Joëren bei gudder Gesondheet dobäi kommen.