Triny Kintzlé- Mertz mat 90 nach fit


Wolwen : Ganz iwerrascht war d’Triny Kintzlé- Mertz viru kuurzem, wéi de Schëfferot aus der Gemeng Rammerich mam Myriam Binck an Mike Bolmer bei der rüstiger Jubilarin zu Wolwen mat enger gut gefëllter Corbeille virstellig waren, fir zum 90. Gebuertsdag ze gratuléieren. Triny Mertz ass den 30. September 1932 als dat jëngst vun dräi Kanner zu Houschtert (Rammerich) op d’Welt komm. Hir Elteren waren den Michel Mertz an d’Marie Graas. Den 12. Abrël 1982 huet Triny Mertz an den Robert Kintzlé sech zu Walfer d’Jo – Wuert gin. Aus hirem 1ten Bestiednis sin zwéi Jongen an eng Duechter erviergaangen. Haut gehéieren zwee Enkelkanner zur Famill Kintzlé. Leider ass der Jubilarin hiren Mann, Robert den 15. Oktober 2010 verstuerwen, esou dat si nach eleng hieren Liewensowend zu Wolven verbrëngt an sech nach a ganz gudder Verfassung spiert. Zesummen mat der Famill ass d' Glas Crémant mat engem gudde Stéck Schwarzwälder fir den 90. Gebuertsdag dunn erhuewe gin.(CR ) (Foto: Charles Reiser)