Ausfluchsdag 2026 – E flotten Dag mat villen neien Andréck
um weitere Bilder zu sehen.
Eisen Ausfluchsdag 2026 huet moies um Glacis ugefaangen, wou mir eis getraff hunn, fir zesummen op Entdeckungsrees duerch d'Stad ze goen. Vun do aus si mir zu Fouss bis bei de Panoramalift getrëppelt, deen eis erof an de Pafendall bruecht huet. Uewen um Lift huet sech eis eng wonnerschéi Vue iwwer d'Stad gebueden – e richtegen Ament fir ze staunen an ze genéissen!
Vum Pafendall aus goung et zu Fouss weider bis bei d'Muerbelsmillen. Hei krute mir net nëmmen en Abléck an d'Geschicht vun der Millen an der fréierer „Moutarderie de Luxembourg“, déi do vun 1922 bis 1985 ënnerbruecht war, mee mir konnten och selwer Moschter hierstellen. Mat engem Mörser a vill Muskelkraaft goufen d'Moschterkären zerdréckt. Dat huet net nëmmen e bësse Gedold, mee och richteg Kraaft verlaangt. Op alle Fall wësse mir elo, datt gudde Moschter net vum selwen entsteet.
No dësem aktive Moien hu mir eis an der Jugendherberg bei engem gudde Mëttegiesse gestäerkt.
Duerno goung et zu Fouss weider bis op de Bockfiels, éier mir mam Bus an den Tramsmusée op Hollerech gefuer sinn. Bei enger interessanter Féierung krute mir vill iwwer d'Geschicht vum Tram a vum Bus zu Lëtzebuerg gewuer. De groussen Highlight war awer ouni Zweiwel d'Faart mat der historescher Motrice Nr. 34, déi de 5. September 1964 déi lescht Faart vum elektreschen Tram zu Lëtzebuerg gemaach hat. Dobäi konnte mir och gesinn, wéi de Chauffeur fréier d'Weichen nach selwer huet misse stellen. Eng flott Geleeënheet, den ëffentlechen Transport vu fréier net nëmmen ze gesinn, mee och selwer ze erliewen.
No dësem flotten an ofwiesslungsräichen Dag goung et mam Bus nees zeréck an d'Uewerstad, wou sech jidderee mam modernen Tram op den Heemwee gemaach huet.
Eng Saach war fir déi Jonk um Enn vum Dag op alle Fall kloer: Wéi gemittlech de Bus an den Tram hautdesdaags dach sinn! An och, wéi einfach et ass, eeen Dëppche fäerdege Moschter am Buttek ze kafen, amplaz d'Moschterkäre selwer mat vill Kraaft a Gedold ze zerdrécken. Béid Erfarunge weisen eis, datt een déi kleng Bequeemlechkeete vum Alldag heiansdo eréischt richteg ze schätze weess, wann een et eng Kéier selwer anescht erlieft huet!