1 Meefeier zu Schous

Um 1 Mee hun déi Schéisser Wiichtelcher hieren traditionellen Meekranz gemeet. Nodeems se e Kranz um Weier zu Fëschbech a beim Veräinshaus opgehangen haten, gouf zesumme gegrillt a gies. Am Nomëtten wor dun nach déi alljährlech Generalversammlung wou 3 nei Memberen an de Comité opgeholl gi sin an 1 Comitésmember seng Démissioun gin huet! Den Aktivitéitsbericht wor ganz interessant an d’Kees as am positive Beräich. Vill Aktivitéiten stin och 2018 um Programm, ënner anerem eng kleng Feier fir all Member fir 21 Joer Wiichtelcher.