Buergbrennen 2017 op der Schéisser Héicht

Och dëst Joer hunn déi Schéisser Wiichtelcher sech nees getraff fir eng Buerg ze brennen. Moies um 9.30 Auer ass et lass gaangen. Eng Equipe huet sech mam Trakter an de Bësch gemaach fir e Bam siche ze goen an déi aner Equipe ass mat de Kanner duerch Duerf Chrëschtbeemercher a Botten sammelen gefuer. D'Buerg ass gebonnen a viru Mëtteg opgeriicht ginn. Zesummen hu mer eis eng gutt Spaghetti schmaachen gelooss déi am Veräinshaus ob eis gewaart huet. Géint 15.30 Auer sinn d'Männer duerch Duerf sangen gaangen, ophiewen an hunn d'Leit fir owes op eng Omelette a e Patt invitéiert. Punkt 19:30 Auer ass d'Buerg ugestach an den Owend gemittlech ausklénge gelooss ginn.