1. Meefeier bei de Wiichtelcher vu Schous

Ewei all Joer erem hun d'Wiichtelcher vu Schous hir 1. Mee Feier am Bësch "an der Seitert" ugefangen. Nodeems de Kranz faerdeg wor an virum Veräinshaus opgehange gouf as gemittlech gegrillt gin an e puer flott Stonnen sin zesumme verbruecht gin. Natierlech wor och d'Generalversammlung an daer de ganze Comité nees fir 2 Joer am Amt bestätecht gouf.