90ten Gebuertsdag gefeiert!

Dëser Deeg hat de Schäfferot aus der Gemeng Fëschbech d’Éier der Madame Marguerite Tholl-Dichter vun Angelsbierg fir hire 90ten Gebuertsdag ze gratuléieren. Madame Tholl ass den 5. Juli 1929 zu Eschduerf als drëtt vu véier Kanner ob Welt komm. 1952 huet Marguerite sech mam Jos Tholl bestuet. Mam Jos huet Si e Bauerebetrib geleet an 3 Kanner groussgezunn. Haut kann Si ob 7 Enkelen an 10 Urenkelen houfreg sinn. 2004 huet hire Mann de Jos Si verloos. Well Si awer eng geselleg Persoun ass, an hire Liewensowend net eleng wollt verbréngen, fiert Si haut all Dag an Fiels an de Foyer du Jour vun Hëllef doheem, wou Si flott Stonnen mat Pooteren a Gesang erlieft. Mir wënschen der Madame Tholl ob dëser Platz nach emol nëmmen dat bescht an eng gutt Gesondheet.